Eis Positioun zum Referendum an zu der Entwécklung vun de Schoulstrukturen
An eiser Gemeng gëtt grad vill iwwert d’Entwécklung vun de Schoulstrukture geschwat. An eisem Walprogramm hu mir gréng eis ganz kloer fir eng nei Grondschoul fir all d’Kanner aus der Gemeng agesat. Well, mat esou engem Projet falen onnéideg Weeër mam Bus wärend de Schoulstonnen ewech, well all d’Infrastrukture, wéi d’Maison Relais, d’Sportshal an d’Schwemm gutt a séier zu Fouss erreechbar sinn. Mir hunn eis awer och dofir ausgeschwat, datt d’Kanner weiderhi sollten d’Méiglechkeet behalen, fir zu Stengefort oder zu…