background background

Stengefort

Eis Positioun zum Referendum an zu der Entwécklung vun de Schoulstrukturen

An eiser Gemeng gëtt grad vill iwwert d’Entwécklung vun de Schoulstrukture geschwat. An eisem Walprogramm hu mir gréng eis ganz kloer fir eng nei Grondschoul fir all d’Kanner aus der Gemeng agesat. Well, mat esou engem Projet falen onnéideg Weeër mam Bus wärend de Schoulstonnen ewech, well all d’Infrastrukture, wéi d’Maison Relais, d’Sportshal an d’Schwemm gutt a séier zu Fouss erreechbar sinn. Mir hunn eis awer och dofir ausgeschwat, datt d’Kanner weiderhi sollten d’Méiglechkeet behalen, fir zu Stengefort oder zu Klengbetten an d’Spillschoul kënnen ze goen.

Bei der Diskussioun ronderëm d’Entwécklung vun eise Schoulstrukture geet et awer ëm eng Decisioun, déi d’Entwécklung vun eiser Gemeng iwwer déi nächst Joerzéngte wäert prägen.

Bei esou enger wichteger Fro brauche mir eng sachlech, oppen a breet Diskussioun, un där d’Bierger*inne bedeelegt ginn.

An deem Kontext proposéiert d’CSV e Referendum. D’LSAP ass dogéint a seet, e Referendum géif d’Bevëlkerung splécken.

Fir déi gréng ass kloer: Biergerbedeelegung spléckt net – si stäerkt eis Demokratie!

An eisem Walprogramm hate mir eis och kloer fir eng staark Biergerbedeelegung ausgeschwat. Fir eis ass e Referendum op dëser Fro net en Zeechen vu Sträit oder Kritik, an en ass och net gemengt fir d’Bierger*innen géinteneen opzestëppelen. De Referendum ass en Zeeche vu Respekt virun der Meenung vun all Bierger*in.

Et ass wichteg d’Meenung vun allen Acteuren ze berücksichtegen: déi vun den Elteren deenen hir Kanner betraff sinn, grad esou wéi déi vun alle Leit, déi d’Kanner an der Schoul resp. an der Fräizäit betreien.

Bei esou enger wichteger Decisioun stellt sech an den haitegen Zäiten awer och d’Fro vum Käschten/Notzen. D’Pro-Kapp-Verscholdung bei eis an der Gemeng ass esou héisch, datt mer kucke mussen, datt weider Depensen am Kader vun deem bleiwen wat finanziell méiglech ass. “Must have” an “nice to have” musse sech do d’Wo halen.

D’Argument, datt d’Schoul zu méi liewegen Dierfer féiert, gëllt och net méi onbedéngt. Haut gi vill Eltere schaffen an hu bal keng Zäit méi fir sech bei der Schoul kennenzeléieren an auszetauschen. Fir eis Dierfer ze beliewen, musse mer eis all zesummen eppes anescht iwwerleeën.

Sécher Weeër zwëschent all den Dierfer, op deenen d’Leit gären zu Fouss ënnerwee sinn a wou d’Kanner och emol eleng kënne mam Vëlo fueren, fir vun engem Duerf an dat anert ze kommen, fir hir Frënn ze treffen, géinge mir als gréng begréissen.

En Duerf-(Mini)bus, deen daagsiwwer den Tour duerch all eis Dierfer mécht, kéint eng Méiglechkeet sinn, d’Dierfer ze verbannen a Grouss a Kleng ouni Auto bei d’Commercen, d’Restauranten an déi bestoend Sportsinfrastrukturen ze bréngen.

Mir setzen eis kloer dofir an, datt bezuelbare Wunnraum geschaf gëtt, fir datt och jonk Leit aus der Gemeng sech eppes leeschte kënnen. Wichteg ass et awer och Infrastrukturen ze schafen, an deene Leit, déi am Alter net méi wëllen oder kënnen eleng wunnen, kéinten en Ënnerdag fannen – hei an hirer Gemeng wou se hir Gewunnechten an hire Bekanntekrees hunn.

E Referendum heescht fir eis an dësem Fall: Zesummen un engem Strang zéien.

Ouni parteipolitescht Gestreits, Decisiounen huelen déi kengem en Denkmal setzen,
mee mat Bléck an d’Zukunft an zum Wuel vun alle Bierger*innen, ob jonk oder al.